.dok.lu - den oppene kanal
Deutsch
Français
Lëtzebuergesch
wwww weisen kucken  
wat
·ziiler
·konzessioun
wien
·team
wou
·adress
·kontakt
wéi
·senden
·empfänken

D’.dok team, dat sitt Dir!

Mir si just do fir Iech ze hëllefen, fir Iech ze beroden an Iech all Contrainten, Suergen a Problemer ofzehuelen, déi Iech d’Freed um produzéieren a weisen eventuell verdiewe kéinnten.

Mir sin  nëmmen zu 2, déi sech op benevoler Basis fir de Projet asetzen. 2 Leit, déi hiert ganzt (berufflecht) Liewe laang am Domaine vun der Telee geschafft hunn. 2 Leit mat ganz ënnerschiddlechen, an dofir komplementären Experienzen a Kompetenzen.

De Maurice Molitor, Journalist, huet 10 Joer laang an der Noriichte-Redaktioun vun RTL Télé Lëtzebuerg geschafft, ier en an d’Chamber gang ass, fir sech do ëm d’Öffentlechkeets-Aarbecht an ëm Chamber TV ze bekëmmeren.

D’Martine Colling war laang Joere bei RTL zoustänneg fir d’Relatioune mat der Eurovisioun, ier et – bei RTL, duerno bei Tango TV - am administrative Beräich vun der Televisioun geschafft huet. Niewt .dok profitéiert haut och nach eng TV-Produktiouns-Gesellschaft vu sengen Erfahrungen aus 20 Joer Televisioun.