.dok.lu - den oppene kanal
Deutsch
Français
Lëtzebuergesch
wwww weisen kucken  
wat
·ziiler
·konzessioun
wien
·team
wou
·adress
·kontakt
wéi
·senden
·empfänken

Telee ass kee Luxus méi !

.dok ass eng demokratesch Telee, well .dok eng demokratesch Telee ka sinn. An dat ass virun allem de Verdengscht vun der technologescher Entwécklung: Si huet zu enger Demokratiséierung vun de Produktiouns-Mëttelen geféiert - mam Resultat, datt haut bal jidderee sech ët leeschte kann, audiovisuell Produktiounen ze réaliséieren.

Mat digitale Kameraen an einfache Computer-Programme kann neierdengs all Mënsch spilles säi Film fir op d’Telee dréinen a schneiden - a professionneller Qualitéit, an ouni datt ët e Verméige kascht.

Gefehlt huet just nach e Moyen, fir déi Produktiounen ze weisen - an och dat zu abordabele Conditiounen !

.dok ass dee Moyen.

.dok ass keng Televisiouns-Chaîne, mee e Kanal, e Kommunikatiouns-Support, deen op ass fir jiddereen a fir alles.

.dok ass de Programm dee weist, wat Dir weise wëllt !