Konditiounen
Op .dok stellt Dir de Programm zesummen. .dok ass e rengen Diffuseur,
dee selwer kee Programm mécht, mee deen alles weist wat Dir wëllt
weisen.
All Contenu ass wëllkomm - vum Vakanze-Film bis bei
d’Hollywood-Produktioun, vun der typescher Telee-Emissioun bis bei
d’PR-Aktioun.
Jiddereen, dee sech beruff fillt, ka säin Deel zum Programm vun .dok
bäisteieren. .dok schwätzt kengem dran: de Produzent produzéiert wat e
wëllt a wéi en ët wëllt. Hie mecht dat op eege Käschten, ass awer fräi
seng Produktioun herno op eege Fauscht ze kommerzialiséieren.
D’Konzessioun vun der Regirung gesäit vir, datt .dok fir all Contenu,
deen um oppene Kanal diffuséiert gëtt, ka responsabel gemaach ginn.
Dofir visionnéiert .dok all Produktioun ier se op Antenn geet, a behält
sech d’Recht vir, déi Bäiträg, déi géint d’Dispositioune vum „cahier des
charges“ verstoussen, nët auszestrahlen.
Iwwer en Diffusiouns-Vertrag engagéiert de Produzent sech am viraus fir
d’Käschte vun engem eventuellen „droit de réponse“ opzekommen.
|